Léiwe Member vum Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg, 

Dir gitt haut gefrot, fir iwwert en Artikel ofzestëmmen, fir géint dat rezent Geriichtsurteel, wat d’Stad Lëtzebuerg zur Informationstransparenz verpflicht, an Appell ze goen. Mir bieden Iech héiflechst, fir déi Ofstëmmung iwwerleet ze maachen.

An dësem Fall geet et net em “gewannen” oder “verléieren” – et geet em Transparenz, Verantwortung a Vertraue vun der Ëffentlechkeet. Natierlech erkenne mir d’Recht vun der Stad Lëtzebuerg un, an Appell ze goen, mä mir gleewen dass dee Schratt d’Prinzippie vun der Transparenz ennergriewt an e falscht Signal, net nëmmen un d’Awunner vun der Stad Lëtzebuerg, mä uechtert d’ganzt Land schéckt.

Et ass eis zudeem wichteg, eng kierzlech Ausso vun der Buergermeeschtesch Polfer richteg ze stellen. Si huet an engem Interview mat RTL behaapt, dass d’Stad Lëtzebuerg dem ZUG Asiicht an all ugefuerderten Dokumenter ugebueden hätt. Dës Ausso ass net wouer. D’Offer huet sech dorop beschränkt, eng Kaart vun de 37 Zebraen ze kucken, déi d’Stad als net konform identifizéiert huet. Et goufen eis awer keng relevant Dokumenter wéi Analysen oder Note gewisen, déi zentral fir eist Uleies sinn. Dëst, a well mir keng Aarbecht hannert zouenen Diere wëlle maachen, huet am Endeffekt dozou gefouert, dass mir mat der CAD, a mam Geriicht geschwat hunn, a béid Instanzen eis Recht ginn hunn.

Als gewielte Vertrieder oder Vertriederin hutt dir haut d’Méiglechkeet, e bessere Wee anzeschloen – een, deen op Oppenheet, Zesummenaarbecht an dem Wuelergoe vun der Ëffentlechkeet baséiert. Et kommen ëmmer nach ze vill Foussgänger an Foussgängerinnen an der Stad ze schued – Mount fir Mount.

Mir wëllen hei och erënneren dass e puer vun Iech, notamment d’Madame Polfer, den Här Mosar an d’Madame Beissel, am Parlament fir d’Gesetz zur Informatiounsfräiheet gestëmmt hunn. Et wier éierbar, wann hei net dat nämmlecht Gesetz géing bekämpft ginn. Mir sinn iwwerzeegt, dass eng Ofleenung vun dëser Motioun zum Appell en Zeeche fir Stäerkt an e Bekenntnis zu dëse Wäerter wier.

Fir sécherzestellen, dass dir all wichteg Informatioune fir är Decisioun de Mëtten hutt stelle mir Iech déi heiten Informatiounen zur Verfügung:

1. D’Geriichtsurteel. Hei fannt dir och e gudde Resumé vun de Verhandlungen, inklusiv schrëftlech Duerstellungen dovunner, wat d’Stad Lëtzebuerg eis an hire Versuch vu “Transparenz” offréiert huet: https://zug.lu/wp-content/uploads/sites/3/2024/11/20241112084202964.pdf

2. Eng Iwwersiicht vun der Affär aus de leschten 2 Joer. https://zug.lu/safe-crossing-the-timeline/

Mir bei ZUG si weiderhin oppe fir Dialog an Zesummenaarbecht mat der Stad Lëtzebuerg, fir zesummen Ziler ze erreechen, y inclus eng Verbesserung vun der Situatioun fir d’Foussgänger an eng stäerker Transparenz fir all Biergerinnen a Bierger. Loosst eis zesummen am Geescht vun dësem Fortschrëtt viru maachen.

Villmools merci fir Är Zäit an är Iwwerleeung. Zéckt net, bei weidere Froen, op eis zréck ze kommen.

Mat beschte Gréiss,

ZUG.lu