“Feeler kënne gemaach ginn”, esou reagéiert de Stater Mobilitéitsschäffen op d’Kritik vum Zentrum fir urban Gerechtegkeet

“Eis Diere sinn op a mir kënnen eis zesumme mat den zoustännege Servicer un en Dësch sëtzen” mat deene Wierder reagéiert den DP-Verkéiersschäffen op Kritik vum Zentrum fir urban Gerechtegkeet. De sougenannten ZUG hat Ufank der Woch am RTL-Interview kritiséiert, et géif un Transparenz feele vu Säite vun der Stater Gemeng, wat verschidde Chifferen uginn. Ënnert anerem goung et dobäi ëm 30er-Zonen. De Patrick Goldschmidt erkläert. Natierlech hunn ech d’Servicer ugestallt, dat nach emol nozekucken. Do ass bestëmmt eppes drun. Sief et, datt déi eng et mat nationale Stroossen an Autobunne geholl hunn, an déi aner net. Vläicht gouf et och e Feeler. Mir mussen eise Servicer vertrauen, mä Feeler si mënschlech a kënne gemaach ginn. Mir wäerten awer am Detail dorop zréck kommen.

Read Full Article

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *