[Drëngend] Oppenen Bréif: Artikel 15 vum Gemengeroot haut, 18. November 2024
Léiwe Member vum Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg,
Dir gitt haut gefrot, fir iwwert en Artikel ofzestëmmen, fir géint dat rezent Geriichtsurteel, wat d'Stad Lëtzebuerg zur Informationstransparenz verpflicht, an Appell ze goen. Mir bieden Iech héiflechst, fir déi Ofstëmmung iwwerleet ze maachen.
An dësem Fall geet et net em "gewannen" oder "verléieren" - et geet em Transparenz, Verantwortung a Vertraue vun der Ëffentlechkeet. Natierlech erkenne mir d'Recht vun der Stad Lëtzebuerg un, an Appell ze goen, mä mir gleewen dass dee Schratt d'Prinzippie vun der Transparenz ennergriewt an e falscht Signal, net nëmmen un d'Awunner vun der Stad Lëtzebuerg, mä uechtert d'ganzt Land schéckt.
Et ass eis zudeem wichteg, eng kierzlech Ausso vun der Buergermeeschtesch Polfer richteg ze stellen. Si huet an engem Interview mat RTL behaapt, dass d'Stad Lëtzebuerg dem ZUG Asiicht an all ugefuerderten Dokumenter ugebueden hätt. Dës Ausso ass net wouer. D'Offer huet sech dorop beschränkt, eng Kaart vun de 37 Zebraen ze kucken, déi d'Stad als net konform identifizéiert...